D'Mina
Musikalëschen Theater fir Kanner vun 3-6 Joer
An Zesummenaarbecht mam Catherine Hengesch an Jenny Spielmann ass 2018 d'Serie vu Kannerstécker ronderëm de Personnage vum Mina entstanen. An dëse musikaleschen Theaterstécker vu ronn 40 Minutten hëlt d'Mina d'Kanner mat an eng fantastesch a magesch Welt voll Musik, Humor an Abenteuer.
Den Theater gëtt simultan an d'Gebäerdesprooch iwersat.

D'Mina an déi vergiesse Melodie
D'Mina wunnt an engem grousse Schlass, an deem och de Beethoven als Gaascht vum Fürst Lichnoswky mol gewunnt huet. Do begéint hatt dem Viktor, engem faarwegen an turbulentem Fuebelwiesen. Heen huet schon zum Beethoven senger Zäit am Schlass gewunnt an duerft deem grousse Komponist beim Komponéieren hëllefen. Mee wéi heen dem Mina seng Lieblingsmelodie vum Beethoven virsange wëll, weess heen op eemol net méi wéi se geet... Zesumme mat de Kanner sichen d'Mina an de Viktor no der vergiessener Melodie. Villäicht kann de Mound weiderhëllefen?

D'Mina an d'Stärefra
D’Mina ass an der Nuecht nees op Entdeckungstour. De Mound steet um Himmel an d’Stäre blénken. Do fält him op, datt déi eng Stäre méi hell liichten, wéi déi aner. „Firwat ass dat sou?” freet hatt sech? Ob de Stärefra, déi all Owend d’Stären ophänkt, dem Mina weiderhëllefe kann? A wat wuel dräi Komponistinne mat de Stären ze dinn hunn?
Ee Muséktheaterstéck fir Kanner am Alter vun 3-6 Joer mat Musek vun de Komponistinnen Mel Bonis, Elfrida Andrée an Julia Smith.
















